Kettebréck vu Marlow

Vu Wikipedia
Kettebréck zu Marlow

D'Kettebréck vu Marlow ass eng Hänkbréck iwwer d'Themse zu Marlow am Buckinghamshire.

Et ass eng buedemverankert Kettebréck a si gouf tëscht 1829 an 1832 gebaut. Si huet eng Haaptdrowäit vun 71,6 Meter.

Den Entworf vun der Bréck war vum William Thierney Clark.

An de 50er Jore war geplangt fir se duerch eng Bëtongsbréck z'ersetzen. Schliisslech gouf se 1965, d'selwecht wéi d'Original, nei opgeriicht.