Kierch Wasserliesch

Vu Wikipedia
Kierch Wasserliesch

Déi kathoulesch Parkierch Wasserliesch, déi eenzeg Kierch an der Uertschaft, gouf 1910 gebaut.

Et ass eng Halekierch an dräi Deeler, vun deenen de mëttelsten Deel vun engem Faassverwëllef iwwerspaant ass. Fir d'Kierch ze baue gouf déi Zäit schonn arméiertem Bëtong benotzt.

Am Zweete Weltkrich huet d'Kierch vill Schied dovugedroen duerch Artillerie-Schëss. D'Bläiglasfënsteren, déi komplett futti waren, konnten nom Krich net méi ersat ginn.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen hellegen Aper, op Franséisch Epvre, deen tëscht 500 a 507 Bëschof vun Toul a Frankräich war. A Loutrengen sinn eng 40 Kierchen dem Hellege geweit, wéi d'Basilika Saint-Epvre zu Nanzeg.

D'Kierch huet e spéitbarocken Héichaltor mat zwéi Säitenaltär. Den Héichaltor, dee bis 1910 an der Michaeliskapell zu Wetzlar stoung, staamt aus dem 18. Joerhonnert. Iwwer dem Altordësch ass eng Nobildung vum Mariahilf-Gnodebild vum Lukas Cranach dem Eeleren ze gesinn, vun deem den Original am Doum zu Innsbruck hänkt.

Den Dafsteen geet op d'Joer 1556 zeréck.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]