Kierper (Physik)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kierper an der Physik. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Kierper.

An der Physik ass e Kierper en Objet dee Mass huet a Raum anhëlt. An der klassescher Physik gëllt: Wou e Kierper ass, ka keen anere sinn. Kierper bestinn aus Stoffer.

Déi theoretesch Physik kennt dräi grondleeënd an openeen opbauend Betruechtunge vum Kierper:

  • Punktmass: Keng (oder onendlech kleng) raimlech Ausdehnung, wueldefinéiert Mass. Gëtt och als Massepunkt bezeechent. Dës Modellvirstellung ass einfach ze gebrauchen an a ville Fäll ausreechend.
  • Konglomerat vu Punktmassen: (meeschtens starr) Verbindung vu Punktmassen zu engem ausgedehnte Kierper

Am Kader vun der klassescher Mechanik kënnen (ausgedehnt) Kierper Translatiouns- a Rotatiounsbeweegungen ausféieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]