Knorpelbarock

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Knorpelbarock ass eng Dekoratiounsmanéier, déi no der Spéitrenaissance a Mëttel- an an Nordeuropa ze fanne war.

An Däitschland war de Stil fir d'éischt bei de Kofferstéch vum Lukas Kilian ze gesinn.

De Knorpelbarock geet op dat hollännescht Knorpelwierk zeréck. Den Numm huet seng Originnen an de knubbelege Formen, déi der Ouermuschel vum Mënsch, déi vu Knorpel a Form gehale gëtt, gläichen. Dowéinst gëtt en och Ouermuschelstil genannt.