Koan

Vu Wikipedia

Als Koan (déi japanesch Aussprooch vun de chineesesche Schrëftzeechen 公案, ëffentlech Ugeleeënheet) bezeechent een am chineesesche Chang- an am japanesche Zen-Buddhismus eng kuerz Geschicht, en Dialog, eng Fro, eng Affirmatioun oder och eng Anekdot, mat där ënner anerem de geeschtleche Fortschrëtt vu Zen-Schüler getest gëtt.

Konzept[änneren | Quelltext änneren]

E Koan muss a senger Essenz verstane ginn. Heiansdo kann e mat rationale Mëttelen erkläert ginn, mä richteg begräife kann een nëmmen duerch Intuitioun, déi sech mat dem Geescht vum Zen-Schüler verbessert. An dësem Fall ass et och onméiglech, dëst Verständnis mat Wierder z'erklären, déi an enger Welt bausse vun der Intuitioun leien.

D'Verständnis vun engem Koan féiert ausserdeem dozou, datt ee begräift, datt alles eent ass. D'Illusioun, datt d'Saache sech ënnerscheeden a sou och dat den Ech eng eegen Existenz féiert, soll mat der Koan-Praxis opgeléist ginn. Meeschtens gëtt dat duerch d'Begräife vun anscheinend paradoxen Aussoe geléiert.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

  • Wat ass d'Geräisch vun enger Hand, déi klappt? (Haikuin Ekaku)
  • E Mënch freet den Tozan: "Wat ass Buddha?" Den Tozan äntwert: "Dräi Pond Fluess." (Mumonkan)