Kombischlëssel (Eisebunn)

Vu Wikipedia

De Kombischlëssel op der Eisebunn ass e Schlëssel deen all Chef de train, oder Kontroller, an d'Chauffere vun den Automotricen a Lokomotiven huet.

De Schlëssel besteet am Fong aus dräi verschiddene Schlësselen an erméiglecht sou dräi verschidden Interventiounen op enger Ramm vu Voituren.

Ee Schlëssel vun deenen dräi passt op all Schaf deen an de Voituren oder Zuchmaschinnen ass. Et ass e Véierkantstëftschlëssel.

Den zweeten ass fir bannenzeg Diere vun de Voituren an de Rammen, an d'Säitendiere vun de Gepäckwaggone bedéngen. Et ass e Véierkanthuelschlëssel.

Den drëtte Schlëssel ass en huelen Dräikantschlëssel mat enger klenger Nues um baussenzegen Enn, an en ass fir d'Säitendiere vun de Voituren. Domat kann de Chef de Train déi Dier bei där hie steet op oder zouspären. Hie kann och all d'Diere vun de Voiturë gläichzäiteg domat zouspären. E ka s'awer net all mateneen opspären, dat kann nëmmen de Chauffer vum Zuch vun der Chaufferskabinn aus maachen.

Kombischlëssel vun der hollännesch Eisebunn
Kombischlëssel vun der SNCB, opgeklappt
Kombischlëssel vun der SNCB, zougeklappt