Krasnogorskoje (Udmurtien)

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Krasnogorskoje
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Republik
Regioun Udmurtien
Awunner 4.302 (2012)
Fläch 23.1
Koordinaten 57°42'25"N, 52°29'49"O
Telefonszon 34164
Postcode 427650
Websäit http://www.mo-krasno.ru/


Kierch vum Schutz vun der Jongfra Maria

Krasnogorskoje (Красногорское - Rouden Hiwwel) ass eng Uertschaft an Udmurtien, enger Republik am russesche Federatiounskrees Wolga. Et ass de Verwaltungszentrum vum Rajon Krasnogorskoje. Offiziell gegrënnt gouf se den 1. April 1837.

Bei der Vollekszielung am Joer 2002 hunn do 4.559 Leit gewunnt. Fir 2007 gëtt d'Awunnerzuel op 4.201 geschat. Ongeféier d'Hallschent vun den Awunner sinn Udmurten an déi aner Hallschent Russen, wat charakteristesch ass fir all gréisser Uertschafte vun Udmurtien.

Krasnogorskoje läit eng 120 Kilometer nërdlech vun Ijewsk, der Haaptstad vun Udmurtien, a ronn 55 Kilometer südlech vun der Stad Glasow.

D'Telefonsvirwiel fir Krasnogorskoje ass 34164. De Postcode ass 427650.

Referenzen[Quelltext änneren]