Kristallhabitus

Vu Wikipedia

Ënner Kristallhabitus versteet een dat relatiivt Gréissteverhältnes vun eenzele Fläche vun engem Kristall zueneen an d'Form déi doraus entsteet. Am Géigesaz dozou versteet een ënner der Kristalltruecht d'Totalitéit vun de Flächen déi sech bei engem Kristall bilden.

Et ënnerscheet ee beim Habitus dräi Grondtyppen:

  • Beim isometreschen Habitus ass d'Verhältnes vum Duerchmiesser zu der Längt ongeféier d'selwecht. Isometresch entwéckelt Kristaller si meeschtens ënner de Mineraler mat kubeschem Kristallsystem wéi z. B. beim Boleit, Diamant, Halit, Granat, Magnetit, Pyrit an Tetraedrit ze fannen.
  • Kristaller mat prismateschem bis nolefërmegen Habitus sinn eendimensional gestreckt Formen, bei deenen d'Längt vum Kristall däitlech méi grouss ass wéi säin Duerchmiesser. Bekannt Mineraler mat prismateschem Kristallwuesstem sinn ënner anerem Autunit, d'Aragonitvarietéit Eisebléi, Mesolith, Millerit (Haarkies), Quaarz, Rutil (dacks nolefërmeg a Quarz agewuess), Stibnit (Antimonit) an d'Turmalinen.
  • Vun engem planaren oder och tafelegen Habitus schwätzt ee bei zweedimensional ausgebilte Formen, wann z. B. den Duerchmiesser vum Kristall vill méi grouss ass wéi seng Längt. Meeschtens fënnt een tafeleg Kristalle ënner de Minerale vun der Glimmergrupp wéi ënner anerem dem Biotit an dem Muskovit, awer och bei Autunit, Baryt, Torbernit, Vanadinit an Wulfenit.

Benotzt ginn awer vermëscht Bezeechnunge wéi décktafeleg, bliedreg, kuerzsaileg, stompsaileg, käreg, wierfelfërmeg, radialfasereg, staangefërmeg, rhomboedresch a vill méi.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]