Läffelbrems

Vu Wikipedia
Eng Läffelbrems op engem Grand-Bi.

Eng Läffelbrems ass eng Brems déi haaptsächlech op de sougenannten Héichrieder, am Fachjargon Grand-Bi genannt, gebraucht gouf, an am Ufank vum 20. Joerhonnert och nach op den éischte Vëloen, op deenen déi Zäit awer och dacks Hiewelbremsen ze fanne waren.

D'Brems déi d'Form vun engem Läffel huet, ass um ieweschten Deel vun der Gafel op enger Achs festgemaach. Duerch en Hiewelsystem deen um Guidon installéiert ass, kann de Läffel op d'Laffläch vum Rad gedréckt ginn, an doduerch eng Bremsung bewierken.