Léo Schnug

Vu Wikipedia
Léo Schnug
Gebuer 17. Februar 1878
Stroossbuerg
Gestuerwen 15. Dezember 1933
Brumath
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Moler

De Léo Schnug, gebuer de le 17. Februar 1878 zu Stroossbuerg, dat dunn zum Däitsche Keeserräich gehéiert huet, a gestuerwen de 15. Dezember 1933 am Psychiatriespidol Stephansfeld zu Brumath, am Bas-Rhin, war en däitschen, dono franséische Moler an Illustrator.

Hien huet op der Stroossbuerger École des arts décoratifs studéiert an dunn, mat just 17 Joer ugefaange fir de Verlag Gerlach & Schenk Illustratiounen ze maachen. Vun 1895 bis 1900 huet hien zu München beim Nicholaos Gysis (1842-1901) säi Konschtstudium virugefouert. Hie war Member vum Cercle de Saint-Léonard, enger Vereenegung vun elsässesche Moler.

Virun allem an der Zäit bis zum Ufank vum Éischte Weltkrich huet de Schnug allegoresch Zeechnunge fir Exlibrisse gemaach, sou wéi Affichen, Faire-parten, Wonschkaarten an dees méi, mat enger Virléift fir historesch Personnagen.

Och e puer gréisser Tableauen, wéi Der von Tierstein oder L'entrée solennelle de Sigismond à Strasbourg en 1414, souwéi Entwërf vun Theaterkostümer si vun him.

An de leschten zwéi Joerzéngte vu sengem Liewe war hie staark mam Alkoholismus a psychesche Problemer geplot. Hie gouf zu Lampertheim begruewen, wou och eng Strooss no him genannt ass.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Patrick et Bénédicte Hamm, Léo Schnug, 1878-1933 : ses cartes postales, ex-libris et affiches, Jérôme Do Bentzinger, Colmar, 1993.
  • Philippe Wendling, Léo Schnug, héraut maudit d'un passé fantasmé. Tours: Alan Sutton, 2018.
  • Walter Kiwior, Julien Kiwior, Léo Schnug: un artiste de légende. De la Neustadt au Haut-Koenigsbourg. Pontarlier: Editions du Belvédère, 2017.
  • Marie-Christine Breitenbach-Wohlfahrt (dir.), Léo Schnug ou l'image retrouvée, association Mitteleuropa, Schiltigheim, 1997. ISBN 2-906995-38-X
  • Collectif, L'Alsace imagée de Léo Schnug, Musée de la communication en Alsace, Riquewihr, 2007.
  • Paul Jesslen, Léo Schnug et le Haut-Kœnigsbourg : un invité au château. Conseil général du Bas-Rhin, Strasbourg, 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léo Schnug – Biller, Videoen oder Audiodateien