L'Aquila

Vu Wikipedia


L'Aquila
Land Italien
Regioun Abruzzen
Provënz L'Aquila
Koordinaten 42°21'14,43"N, 13°23'31,17"O
Fläch 473,91 km²
Awunner 69.558 (1. Januar 2023)
Héicht 714 m
ISTAT 066049

L'Aquila ass d'Haaptstad vun der Regioun Abruzzen a vun der Provënz L'Aquila an Italien. Si läit 118 km nordëstlich vu Roum an 106 km westlech vu Pescara, op ronn 700 Meter am wäiden Dall vum Aterno. Si gëtt vun alle Säite vun de Bierger vun den Abruzzen beherrscht, dorënner am Osten dem Gran Sasso d'Italia, dem héchste Bierg vum italieenesche Festland baussent der Alpen.

Et ass eng Gemeng mat engem ganz groussen Territoire. En Deel dovu gehéiert zum Nationalpark Gran Sasso a Monti della Laga.

De 6. Abrëll 2009 si bei engem Äerdbiewen an a ronderëm d'Stad bal 300 Mënschen gestuerwen, ronn 40.000 hunn hiert Doheem verluer.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Antrodoco (RI), Barete, Barisciano, Borgorose (RI), Cagnano Amiterno, Campotosto, Capitignano, Crognaleto (TE), Fano Adriano (TE), Fossa, Isola del Gran Sasso d'Italia (TE), Lucoli, Magliano de’ Marsi, Ocre, Pietracamela (TE), Pizzoli, Rocca di Cambio, Rocca di Mezzo, Santo Stefano di Sessanio, Scoppito, Tornimparte.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: L'Aquila – Biller, Videoen oder Audiodateien
Bléck op d'Stad
D'Piazza del Duomo