L2 Puppis

Vu Wikipedia
L2 Puppis observéiert duerch de Very Large Telescope.

L2 Puppis oder kuerz L2 Pup oder HD 56096, HIP 34922 oder HR 2748, ass e Roude Ris am Stärebild Puppis a läit op enger Distanz vu 64 pc vun eisem Sonnesystem ewech.

De Stär huet e bipolare planetareschen Niwwel, dee méiglecherweis aus dem Gas vum L2 Puppis entsteet. Dësen Niwwel huet eng Distanz vun 900 Millioune Kilometer zu sengem Zentralstär. Vun der Äerd aus gesinn hu mer e Wénkel vu 84° op dësen Niwwel. D'Mass vum Stär ass net genee bestëmmt. Si gouf mat 0,7 Sonnemasse vun engem Team ëm de Loykou am Joer 2015 uginn, wärend e Joer virdrun en Team ëm de Kervella d'Mass mat 2 Sonnemassen uginn hat. Am Joer 1998 gouf si vun Dumm a Schild mat 1,7 Sonnemasse bestëmmt. Weider hëlt d'Team ëm de Kervella un, datt de Stär en zweete Roude Ris kéint hunn, deen 300 Millioune Kilometer vum Haaptstär ewech leie kéint.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: L2 Puppis – Biller, Videoen oder Audiodateien

[1] Artikel aus der Zäitschrëft "Spektrum".