Lafwierk (Computer)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Extern Festplack 500 MB mat Gréisstverglach
5,25″-CD-Brenner (SCSI)
Klassesch 3,5″-Festplack (Western Digital WD400) vun uewen (lénks) a vun ënnen (riets)

E Lafwierk ass an der Informatik en Organ vun engem Computer, dat fir den Zougrëff (Liesen/Schreiwen oder Nëmme-Liesen) op en Späichermedium fir digital Daten noutwenneg ass. Dobäi gëtt een Ënnerscheed gemaach tëscht engem physeschen an engem virtuellen Lafwierk. Déi physesch, also déi Lafwierker, déi tatsächlech bestinn, ginn ënneragedeelt a Lafwierker fir Wiesselmedien (Magnéitband, Diskette, CD, DVD, asw.) a Festplacken. Virtuell Lafwierker, immitéieren nëmmen e physescht Lafwierk a kënnen analog zu deem selwechte benotzt ginn.

Wärend am Begrëff „Lafwierk“ d'Presenz vun engem mechanenschen Apparat ugedeit gëtt, gëtt et och Medie mat Späicherchips, bei deenen et keng beweeglech Deeler gëtt. Dozou gehéieren Späicherkaarten, USB-Späicherstëften, asw. Wann et sech hei net ëm Lafwierker am enke Sënn vum Wuert handelt, gi si haut och als Lafwierk bezeechent, well si grad sou funktionéieren.

Extern Festplacken[änneren | Quelltext änneren]

Festplacken, déi net an d'Gehais vum PC agebaut sinn sinn am Laf vum Joer 2007 ëmmer méi beléift. Am Hierscht 2007 waren extern Festplacke vun engem Terabyte fir ënner 300 € ze fannen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]