Landplanzen

Vu Wikipedia

D'Landplanzen (Embryophyta) sinn eng Grupp vu Planzen (Plantae), déi aus de Gréngalgen (Chlorophyta) entstane sinn. Déi éischt Noweiser vun de Landplanzen stamen aus dem äerdgeschichtlechen Zäitalter vum spéiden Ordovizium. Et handelt sech dobäi ëm moosähnlech Organismen.

Sämtlech Landplanzen zeechne sech duerch eng Wuessrichtung aus, déi vun der Äerdunzéiungskraaft an dem Liichtafall bestëmmt gëtt. D'Sprosse si positiv phototrop an negativ geotrop, wuessen also vum Buedem fort a Richtung Sonnenastrahlung, fir d'Wuerzelen ass d'Tendenz ëmgedréit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Landplanzen – Biller, Videoen oder Audiodateien