Le Locle
Ausgesinn
Le Locle | |
---|---|
Land | Schwäiz |
Kanton: | Neuchâtel |
Bezierk: | Le Locle |
Koordinaten: | 47° 04'N, 6° 42'E |
Fläch: | 23,14 km² |
Awunner: | 10.415 (31. Dezember 2003) |
Bevëlkerungsdicht: | 450,1 / km² |
Héicht: | 925 m |
Buergermeeschter: | Denis De la Reussille |
Le Locle ass eng Schwäizer Industriestad an Haaptuert vum District du Locle am Kanton Neuchâtel.
Si läit am Jura, 8 km südwestlech vu La Chaux-de-Fonds, no bei der franséischer Grenz.
Entwécklung vun der Awunnerzuel:
1705 huet den Daniel Jean-Richard zu Le Locle mat der Produktioun vun Aueren ugefaangen an domat dës traditiounsräich Schwäizer Industrie gegrënnt. Bedeitend ass och d'Fabrikatioun vu Schockela.
De grousse Schwäizer Clown Grock huet eng Partie vu senger Jugend (1885-1891) zu Le Locle verbruecht.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Am Musée des Beaux-Arts, deen 1880 gegrënnt gouf, si Biller vu Schwäizer Moler vum 19. an 20. Joerhonnert ze gesinn, eng Sammlung vu Graphiken an eng Sammlung vu Konscht vun den Inuit.
- Am Härenhaus Château des Monts, dat tëscht 1785 a 1790 gebaut gouf, ass de Musée d'Horlogerie du Locle ze gesinn, an deem net nëmmen Aueren ausgestallt sinn, mä och Automaten.
- An den Hiele vum Col des Roches ass de Musée des moulins souterrains du Col des Roches ënnerbruecht.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Le Locle – Biller, Videoen oder Audiodateien |