Op den Inhalt sprangen

Le film luxembourgeois

Vu Wikipedia
Le film luxembourgeois


Le film luxembourgeois war eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi, mat klengen Ënnerbriechungen, tëscht 1927 an 1934 erauskoum.[1] Den Ënnertitel war, vun der Nummer 9 un, Luxemburger Filmzeitung, a vun der Nummer 27 un zousätzlech Revue hebdomadaire cinématographique et littéraire.[2]

Et war dëst déi éischt Filmzäitschrëft zu Lëtzebuerg. Si war zweesproocheg däitsch a franséisch; Haaptmann derhannert war den Evy Friedrich.

Hiert Uleies war et, de Film als eng eege visuell Konschtform ze wierdegen. Dofir war d'Zäitschrëft och laang kritesch vis-à-vis vum Tounfilm, deen an där Period opkoum.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Yorick Schmit: " '...dem wahren Kino in Luxemburg den Weg bereiten': Anfänge einer luxemburgischen Filmkultur in Evy Friedrichs Magazin Le Film Luxembourgeois (1927-1934)." bnl.public.lu, 26.09.2024.
  2. Fiche op a-z.lu.