Leopard 1
Leopard 1 | |
---|---|
Leopard 1A1 | |
Allgemeng Donnéeën | |
Besatzung | 4 |
Längt | 9,55 m |
Breet | 3,37 m |
Héicht | 2,62 m |
Gewiicht | 42,5 t |
Panzerung a Bewaffnung | |
Panzerung | Panzerstol Schottpanzerung bei Tierem (A3, A4, AS1,C1) |
Haaptbewaffnung | Brittesch Kanoun 105 mm, L7A3 |
Kleng Waffen | 2 x 7,62mm MG3 Fla-MG um Tuerm Installat. fir Niewel |
Beweeglechkeet | |
Motor | 10 Zyl.-Motor |
Leeschtung | 610 kW (830 PS) |
Fiederung | Staffiederung |
Héchstvitess | 65 km/h |
Verhältnes PS / t | 19,6 PS/t |
Aktiounsrayon | 400 km Terrain: 220 km |
De Leopard 1 ass e mëttlere Kampfpanzer aus Däitschland. Et war den éischten, deen nom Zweete Weltkrich an der Bundesrepublik entwéckelt gouf. Vun 1965 bis 1984 goufen am Ganze 4.744 Stéck gebaut, vun deenen der och haut nach a verschiddenen Arméie vun der Welt ze fanne sinn. An Däitschland war e vun 1965 bis 2003 offiziell am Asaz. E gouf duerch de Leopard 2 ersat.
Geschicht, wéi en entstanen ass
[änneren | Quelltext änneren]D'Wiederbewaffnung vun der Bundesrepublik de 5. Mee 1955 huet dozou geféiert, datt d'Bundeswehr fir unzefänken, mat US-amerikaneschen a brittesche Panzergefierer ausgerëscht gouf. Déi däitsch Rëschtungsindustrie war zu där Zäit net an der Lag, fir d'Panzerentwécklung duerchzesetzen.
Daimler-Benz huet dunn allerdéngs mat Hëllef vun auslännesche Produzente versicht, dat Lach an der Entwécklung vu Waffen zouzemaachen. Zesumme mat der Porsche KG, ZF Friedrichshafen, Ruhrstahl AG an der indescher Firma TATA ass geplangt ginn, e Kampfpanzer fir Indien z'entwéckelen. Aus deem Projet gouf allerdéngs näischt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Leopard 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien |