Lexus LS

Vu Wikipedia
Lexus LS 500

De Lexus LS ass e Luxus-Sedan vun der japanescher Firma Lexus, déi zum Toyota-Konzern gehéiert.

D'LS-Baurei ass 1989 virgestallt ginn a gëtt bis haut gebaut. Den éischte Modell war den LS 400, deen 1994 duerch eng zweet Generatioun ersat ginn ass. Den LS 430, déi drëtt Generatioun vun der Baurei, ass tëscht 2000 an 2006 gebaut ginn. Déi véiert Genratioun LS 460 an LS 600h ass tëscht 2007 an 2017 gebaut ginn. Zënter 2017 gëtt déi fënneft Generatioun LS 500 an LS 500h gebaut.