Linn STIB 8

Vu Wikipedia
D'Linn 8

D'Linn 8 (bis 2018: Linn 94) vum Bréisseler Tram existéiert zanter dem 19. Mäerz 1968. Si gouf e puermol verlängert, fir d'lescht 2004-2006 vu Wiener bis Herrmann-Debroux, 2009-2011 vun Herrmann-Debroux bis bei den Tramsmusée (Trammuseum/Musée du tram) an 2015-2018 vun do bis Rodebeek.

Zanter dem September 2018 verbënnt se Louise/Luisa mat Rodebeek.

Bei der Verlängerung bei den Tramsmusée ass déi deemoleg Linn 94 an zwee gespléckt ginn: den nërdlechen Tracé, deen als Terminus d'Statioun Stade huet, krut d'Nummer 93 a goung ewell just nach bis Legrand. Dee südlechen iwwerdeems fänkt zanterhier bei Louise/Luiza un a geet dann a Richthtung Südwesten (fir am Woluve-Dall nees no Norden ze goen).

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brussels tram line 8 – Biller, Videoen oder Audiodateien