Lorem ipsum
Ausgesinn
„Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur, adipisci velit, …“ ass e sougenannte blannen Text, deen näischt bedeite soll, mä deen dofir do ass fir virleefeg eng Textkolonn ze fëllen. D'Verdeelung vun de Buschtawen an d'Wuertlängt vum pseudo-laténgeschen Text entsprécht ongeféier der laténgescher Sprooch. Den Text ass express onverständlech fir datt de Benotzer net duerch de Contenu ofgelenkt gëtt.
Dacks gëtt deen Text vu Graphiker benotzt fir de provisoresche Layout vun enger Säit oder den Design vun enger Websäit ze testen oder ze fëllen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Wikisource: Lorem ipsum – Quellentexter |
Commons: Lorem ipsum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Dem Cicero säin Originaltext De finibus bonorum et malorum, éischt Buch
- Vertonte Fassung – Am Podcast »Die Esel und Teddy Show« gouf de Lorem-ipsum-Text als Lauschterspill vertount
- „Ipsum-Generator“: Automatiséiert Kreéiere vu blannen Text.