Op den Inhalt sprangen

Nekrophag

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Louderfrësser)
Gänsegeieren a Spuenien déi e futtise Hirsch kleng maachen

En Aasfrësser oder Nekrophag (vum Griicheschen νεκρός, nekrós „dout“ an φα[γ]ί, fa[g]í „Iessen“) ass en Déier dat Aas frësst.

Aas als Ernierungsquell

[änneren | Quelltext änneren]

D'Liewe vun de meeschte Wierbeldéiere gëtt net vu Predatore geholl. An den afrikanesche Savanne gouf z. B. ofgeschat, datt ongeféier zwee Drëttel vun den Houfdéiere keng Affer vu Predatore ginn, mä duerch Ernierungsmanktem, Parasiten a Krankheeten oder Accidenter stierwen.[1] Och kleng Déiere wéi Mais mat hire ville Friessfeinde stierwen zu ëmmerhin zirka 40 % aus natierleche Grënn.[2] Obwuel d'Offer vun ugefaultem Fleesch tëscht verschiddene Liewensraim an zu verschiddenen Zäite staark variéiert, ass se vill méi grouss wéi dacks ugeholl gëtt. Bei konventionellen Etüden iwwer d'Ernierung vu Wierbeldéierenaarte gëtt dëst heefeg iwwersinn, well z. B. aus Analyse vum Daarmcontenu kaum ofgeleet ka ginn, ob d'Ernierung vu frësch gefaangenen Affer oder vu souer déi scho méi laang dout sinn opgeholl gouf, oder well d'Ernierung nëmmen no benotzten Déieraarte spezifizéiert gëtt. Vill Studien hu bewisen datt ausgeluecht Déierekadavaren a kuerzer Zäit vun Aasfrësser eliminéiert goufen. Dat gëllt och fir déi meescht Läichen, z. B. a Bëscher oder ënner enger Schnéidecken, déi net déif genuch oder guer net begruewe goufen.

Commons: Nekrophagen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D.C. Houston (1979): The adaptations of scavengers. – In: A.R.E. Sinclair & M.N. Griffiths (editors): Serengeti, dynamics of an ecosystem. Univ. of Chicago Press. S. 263–286.
  2. R. J. Putman (1976): Energetics of the decomposition of animal carrion. – Ph.D. thesis, University of Oxford.