Diskussioun:Nekrophag

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ass Louder elo dat neit lëtzebuergescht Wuert fir "Aas"? Bis elo hunn ech ënner Louder eppes aneres verstan. --MMFE (Diskussioun) 12:03, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien,
A wat fir engem Dictionnaire hues du Aas fonnt? --Soued031 (Diskussioun) 12:26, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
A kengem, et ass dat eenzegt war mer agefall ass an deem Zesummenhang. Mee ënner Louder fannen ech am LOD och nëmmen dat wat ech bis elo drënner verstan hunn. --MMFE (Diskussioun) 13:02, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Moien, Was Du bis lo drënner verstanen hues ass warscheinlech dat nämlecht wéi ech, an och mat eis dat politescht onkorrekt WLM:

Louder n., Luder. — feⁱi Louder! Pfui.

louderech a., schwierig. — èng l. Affär, eine verfluchte Geschichte.

Louderei f., 1. schwierige Sache; 2. Ungebührlichkeit.

louderen vn., einen unsittlichen Lebenswandel führen.

Louderveiⁱ n., Luder = Vieh (Schimpfwort).

--Jwh (Diskussioun) 14:03, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Am Luxemburger Wörterbuch gi verschidde Wierder fir Aas ze soen an dat ass fir mech dat passend Wuert. --Soued031 (Diskussioun) 13:56, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Dommerweis ass deen LOD nach ëmmer am Opbau an et ass nach sou bal do un keen Enn ze denken. Schliisslech sinn do Beamten um Wierk. Louder ass keen neit Wuert, et ass souguer en uraalt Wuert fir Aas. Den LOD huet just nach net matkritt wat den Initialsënn vu Louder ass. --Les Meloures (Diskussioun) 14:06, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Merci fir d'Informatioun, ech hu leider kee Luxemburger Wörterbuch wouran ech kënnt nosichen an deen anscheinend uraale Sënn vum Wuert ass warscheinlech 99 % vun de Lëtzebuerger kee Begrëff méi.--MMFE (Diskussioun) 15:10, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Et gëtt nach vill där Wierder am Lëtzebuergeschen a fir se all ze wësse misst een 150 Joer al ginn, an op d'mannst an 5-6 verschiddene Beruffssecteure geschafft hunn, an niewebäi nach op d'Juegd gaange sinn oder Fëscher gewiescht sinn. De Leit déi an der Stad grouss gi sinn, feelt menger Schätzung no e Véirel vun de Wierder an der lëtzebuergescher Sprooch. --Les Meloures (Diskussioun) 15:20, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, et geet amA net duer, datt een Eenzelen et "passend" fënnt, aus polysemen Eenzelwierder nei semantesch Zesummenhäng zesummenzebauen. Och wann et këddelt, hei Fakte wëllen ze schafen: Dofir ass d'Wikipedia net do.

Bon, 't ass jo lo geréckelt, ma nawell géing et mech interesséieren a wat fir engem "Luxemburger Wörterbuch" dat da lo steet. Déi op engelmann.uni? Eng global Recherche no "Aas":

Louder (Dim. Léiderchen s. d.) N. oder F.: 1) «Aas» (veraltet) — féi L. (Ausruf des Ekels) — dat sténkt wéi eng L. —die alte Bedeutung findet sich auch noch in dem FN. Loudergaart (s. d.); 2) «Gassenhure»; 3) «Schimpfname», daneben auch, bes. im Dim., «Kosename für jemand, den man gewissermaßen bewundert» — du domm L. — sou eng kleng, léif L. — dat as emol ent L. vun engem Framënsch (abschätzig) — sou eng kromm L. (auch Mensch mit verkrüppeltem Wuchs, der schlechte Eigenschaften besitzt — manchmal mit Vornamen, z. B. du L. Néckel); 4) «bemitleidenswerter Mensch» (Mann oder Frau) — sou eng arem L. (armes Weib) — muss déi arem L. och nach déi Kränkt (dee Misär) kréien!; 5) in der Ra.: ënner aller L. (unter aller Kritik).

Mam "L" schénge se da vru knapp 50 Joer ugefaangen ze hunn an dunn war et scho "veraltet". Och wann ech mir sou d'Membere vun der deemooleger Kommissioun ukucken - sinn dat Stater? --Jwh (Diskussioun) 15:48, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Leit wéi ech, déi um Duerf op d'Welt komm sinn, wou nach, wéi ech kleng war, vill Lëtzebuergesch geschwat gouf, missten dat Wuert zimmlech gutt kennen. Bei de Jëer weess jiddwere wat eng Louderplaz ass, a wat louderen, verlouderen, alouderen, a.s.w heescht. Dat ass ee Begrëff deen nach ëmmer gebraucht gëtt. Natierlech sot dir elo da sinn awer just d'Jëer an d'Baueren. Mä wie soll et do soss sinn??? De Leeëndecker huet aner Ausdréck an de Schouster och. Just an de Stater Moudebutteker ginn déi och net méi gebraucht.

Ech fannen deemno net datt hei nei semantesch Zesummenhäng zesummengebaut goufen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:55, 1. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]