LuxairGroup

Vu Wikipedia

LuxairGroup, Luxair, LuxairTours, LuxairCargo a LuxairServices sinn d'Nimm déi d'Firma Luxair benotzt fir déi verschidden Aktivitéiten bannent der Firma méi genee ze bezeechnen a sou de Kontakt mat de Clienten ze vereinfachen. Et handelt sech also net ëm eegestänneg Betriber, mä ëm Deelberäicher vun der Aktivitéit vun der Luxair.

  • LuxairGroup ass den Numm fir d'Gesamtaktivitéit vun der Firma zesummenzefaassen.
  • Luxair ass den Numm fir deen Deel vun der Firma, deen d'Flich operéiert.
  • LuxairTours ass den Numm fir d'Aktivitéit am Beräich vun der Organisatioun an dem Verkaf vu Pauschalreesen.
  • LuxairCargo ass den Numm fir d'Aktivitéit am Beräich vun der Gestioun vun der Loftfracht.
  • LuxairServices ass den Numm fir d'Aktivitéit am Serviceberäich am Ëmgang mat de Fluchpassagéier an hirem Gepäck. Dorënner fält och de Catering.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]