Madine (Baach)

Vu Wikipedia

D'Madine, ass eng franséisch Baach an de loutrengeschen Departementer Meuse a Meurthe-et-Moselle. Et ass e lénksen Niewefloss vum Rupt de Mad, dee sengersäits an d'Musel leeft.

D'Madine leeft an der Géigend Woëvre. Se huet hir Quell am Bësch vu Gobessart ëstlech vu Varnéville, am Parc naturel régional de Lorraine. Se leeft duerno de ganzen Zäit no Nordoste fir bei Bouillonville an de Rupt de Mad ze lafen.

Op hirem Wee dohi fëllt se déi grouss Waasserreserve, de Lac de Madine.