Op den Inhalt sprangen

Metro vu Madrid

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Madrider Metro)
De Plang vum Metro zu Madrid

De Metro vu Madrid (spuenesch: Metro de Madrid) ass d'Metrosnetz vun der Stad Madrid.

E gouf 1919 op Initiativ vum deemolege Kinnek Alfonso XIII. vu Spuenien gegrënnt. De Metro vu Madrid ass den zweeteelsten an der spueneschsproocheger Welt, no deem vu Buenos Aires. Zanter 1986 ass e Member vum Consorcio Regional de Transportes de Madrid, dee sech ëm den ëffentlechen Transport zu Madrid an an engem Deel vun de Gemenge ronderëm bekëmmert.

Et ass dat gréisst Metrosnetzwierk am Land, mat enger kompletter Längt vun 294 Kilometer an 302 Statiounen.[1] Domat ass et no London a Moskau dat drëttgréisst Netzwierk an Europa, an dat fofzéngtgréisst op der Welt. (Stand: 2021)

D'Metrosnetz zu Madrid setzt sech aus 13 Linne zesummen op deenen zirka 2.400 Ween zirkuléieren. 2018 gouf de Metro 657 Millioune Mol benotzt.[1]

De Metro de Madrid huet ronn 7.000 Mataarbechter.[1]

Lëscht vun de Linnen

[änneren | Quelltext änneren]
D'Statioun Príncipe Pío
En Agankschëld bei der Statioun Banco de España
Linn Endstatiounen A Betrib
zënter
Längt Profil Spannung Zuel
Statiounen
Pinar de Chamartín ↔ Valdecarros191923,9 kmklein600 V=33
Las Rosas ↔ Cuatro Caminos192414,0 kmklein1500 V=20
Villaverde Alto ↔ Moncloa193616,4 kmklein1500 V=18
Argüelles ↔ Pinar de Chamartín194416,0 kmklein600 V=23
Alameda de Osuna ↔ Casa de Campo196823,2 kmklein600 V=32
Circular (Ringlinie)197923,5 kmgroß600 V=28
Pitis ↔ Hospital del Henares197432,9 kmgroß1500 V=30
Nuevos Ministerios ↔ Aeropuerto T4199816,5 kmgroß1500 V=8
Paco de Lucia ↔ Arganda del Rey198039,5 kmgroß600 V=29
Hospital Infanta Sofía ↔ Puerta del Sur196136,5 kmgroß1500 V=31
Plaza Elíptica ↔ La Fortuna19988,5 kmgroß1500 V=7
MetroSur (Ringlinie)200341,0 kmgroß1500 V=28
Ópera ↔ Príncipe Pío19251,1 kmklein1500 V=2
 Commons: Madrid Metro – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 metromadrid.es: Metro de Madrid - Informe corporativo 2018, Säite 6 a 7 (gekuckt de 26. Juli 2021)