Magenta (Faarf)
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Faarf Magenta. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Magenta. |
| Magenta (Faarf) | |
|---|---|
|
verschidde Magentatéin | |
| An anere Sproochen | (fr) magenta, (de) Magenta |
| Typ | Faarf, Grondfaarf |
| Zesummesetzung | |
| HEX | FF00FF |
| RGB (R, G, B) | 255, 0, 255 |
| CMYK (C, M, Y, K) | 0 %, 100 %, 0 %, 0 % |
| HSV (H, S, V) | 300°, 100 %, 100 % |
|
| |

Magenta oder Fuchsia ass e spezifesche Faarftoun vu Violett-Rout oder Purpur, deen als Resultat vun der additiver Faarfmëschung vu Rout a Blo wouergeholl gëtt. D'Faarf ass 1859 fir d'éischt Kéier syntheetesch produzéiert ginn. Well et kuerz no der Schluecht bei Magenta am Sardinesche Krich war, koum d'Faarf esou zu hirem Numm.
An der subtraktiver Faarfmëschung ass Magenta nieft Cyan, Giel a Schwaarz eng vun de Grondfaarwen am Véierfaarwendrock (Quadrichromie) an am Dréckereiwiesen.
An der additiver Faarfmëschung ass Magenta eng sekundär Faarf, se kann also nëmmen duerch eng Mëschung vu Blo a Rout entstoen. Et ass d'Komplementarfaarf zu Gréng. E Magenta-Filter léisst also nëmme Rout a Blo duerch; en ënnerdréckt Gréng.
Am RGB-Faarfsystem huet Magenta de Wäert 255, 0, 255. Bei den hexadezimale Webfaarwen huet se de Code FF00FF.
Am Véierfaarwendrock, dee sech op de CMYK-Faarfsystem stäipt, ass de Magenta-Wäert 0 %, 100%, 0 %, 0 %.
Beim HSL-Faarfraum gëtt Magenta 300°, 100 %, 100 % geschriwwen.
Verschidde Magentatéin
[änneren | Quelltext änneren]Fuchsin Magenta vun „mobiliteit.lu“ Magenta vun der „Deutsche Telekom“ |
Päerdsbier Kiischterout Aubergine |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Tabell mat de Faarfcoden op der däitscher Wiki
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Magenta (Faarf) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
