Manfred Rommel

Vu Wikipedia
Manfred Rommel
Gebuer 24. Dezember 1928
Stuttgart
Gestuerwen 7. November 2013
Stuttgart
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen
Aktivitéit Schrëftsteller, Politiker, Jurist, Militär, Zaldot, Publizist
Partei CDU
Famill
Papp Erwin Rommel

De Manfred Rommel, gebuer de 24. Dezember 1928 zu Stuttgart a gestuerwen de 7. November 2013 och do, war en däitsche Politiker (CDU), dee vun 1974 bis 1996 Uewerbuergermeeschter vu Stuttgart war.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war dat eenzegt Kand vum Zweete Weltkrichs-Generolfeldmarschall Erwin Rommel a senger Fra Lucie Maria Mollin. No der Vergëftung vu sengem Papp ass de Manfred Rommel aus der Wehrmacht desertéiert an ass bei d'Éischt franséisch Arméi vum Maréchal de Lattre de Tassigny geflücht, deen en als Iwwersetzer akkzeptéiert huet.

1947 huet de Manfred Rommel säin Abitur zu Biberach an der Riß gemaach an duerno Droit zu Tübingen studéiert. 1956 krut e seng éischt Plaz an der Landesverwaltung, wou en 1959 Regierungsrot an du perséinleche Referent vum deemolegen Inneminister Hans Filbinger gouf. 1971 ass en als Ministerialdirekter an de Finanzministère gewiesselt an ass do spéider Staatssekretär ginn.

1974 ass en als Nofollger vum Arnulf Klett als Uewerbuergermeeschter vun der Stad Stuttgart gewielt an 1982 an 1990 all Kéier mat méi wéi zwee Drëttel vun de Stëmmen op déi Plaz erëmgewielt ginn. Säin Nofollger ass 1996 säi fréiere perséinleche Referent Wolfgang Schuster (CDU) ginn.

Och an der Pensioun war de Manfred Rommel nach ëmmer e beléifte Riedner a gefroten Auteur.

Op sech opmierksam gemaach huet en och wéi en et erlaabt huet, datt déi RAF-Memberen, déi sech am Prisong ëmbruecht haten, zesummen zu Stuttgart begruewe konnte ginn, obwuel vill Stëmme gefaart haten, datt sou e Graf eng Pilgerplaz fir sozialistesch Aktiviste kéint ginn.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • President vun der Freiherr-vom-Stein-Gesellschaft
  • Uerde vum Groussoffizéier am Uerde vun Oranien-Nassau (1982)
  • Éieresenator vun der Fachhéichschoul fir Technik zu Stuttgart (1982)
  • Éierendoktor vun der University of Missouri-St. Louis (1983),
    der Maryland University an
    der University of Wales
  • Ritter vun der Éierelegioun vun der Franséischer Republik (1985)
  • Guardian of Jerusalem (1987)
  • Commander of the Order of the British Empire (1990)
  • Verdéngschtgielche vum Land Baden-Württemberg
  • Theodor-Heuss-Gielchen
  • General-Clay-Gielchen
  • Dolf Sternberger-Präis
  • Karry Präis
  • Grousst Verdéngschtkräiz mat Stär a Schëllerband vum Verdéngschtuerde vun der Bundesrepublik Däitschland

Auswiel vu senge Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Ausserdeem Sammlunge vu senge Spréch, Gedichter a Witzer, erausgi vum Frank-Ulrich Planitz.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rudel, Horst a Borgmann, Thomas: Manfred Rommel - Bilder einer Ära, DRW-Verlag, 2000, ISBN 3871814563

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]