Marco Mille

Vu Wikipedia
Marco Mille
Aktivitéit Sozialwëssenschaftler

De Marco Mille ass e lëtzebuergesche Sozialwëssenschaftler (Politolog, Germanist a Soziolog) an héije Beamten, a fréieren Direkter vum Service de renseignement de l'État (SREL), dem Lëtzebuerger Inlands-Geheimdéngscht.[1]

Hien huet op der Fakultéit fir Sozialwëssenschafte vun der Universitéit vu Freiburg im Breisgau geschafft a gouf 1993 héije Beamten am Lëtzebuerger Ausseminstère.[2] Hien huet ufanks bei der Westeuropäescher Unioun geschafft, ass 1996 op Lëtzebuerg an den Ausseministère schaffe gaangen an am Februar 1998 bei de SREL, wou en ufanks Chef de Branche war an dunn, vun 2003-2010, Direkter.[1]

Hien hat am Januar 2007 heemlech mat enger preparéierter Auer e Gespréich tëscht him a sengem direkte Chef, dem Premier Jean-Claude Juncker opgeholl. Dat Gespréich goung ë. a. ëm eng verschlësselt CD, déi de Geheimdéngscht zougespillt kritt hat, an op där e Gespréich tëscht dem Premier Juncker an dem Groussherzog Henri soll sinn.[3],[4]. Nodeem Enn 2008 e SREL-Mataarbechter dem Premier vun der Existenz vun där Opnam erzielt hat,[5] huet dësen de 16. Dezember 2008 de Marco Mille mat de Virwërf konfrontéiert.[6] Hie blouf awer nach iwwer e Joer am Amt, ier en zum 1. Mäerz 2010 e Congé sans solde vu 7 Joer ugefrot huet, fir bei den däitsche Siemens-Konzern schaffen ze goen, wou e Sécherheetschef ass.[7]

De Parquet huet wéinst dem illegalen Enregistrement vum Jean-Claude Juncker géint de Marco Mille enquetéiert, allerdéngs ass d'Prescriptioun depasséiert an d'Affär verjäert.[8]

Säi Virgänger beim Service de renseignement war de Charles Hoffmann, säin Nofollger gouf de Patrick Heck.

Wéi si och gouf de Marco Mille de 15. Januar 2013 an der SREL-Enquêtekommissioun zu der "Auer-Affär" an der duerno bekannt gemaacher katastrophaler Organisatioun vum SREL ugehéiert.[9]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Udo Kempf and Marco Mille: "The role and the function of the Ombudsman: Personalised parliamentary control in forty-eight different states." In: Linda C. Reif (ed.): The International Ombudsmen Anthology. Selected writings from the international Ombudsmen Institute, Kluwer Law international 1999, S.195-226. ISBN 9041104909 Op Google Books

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Réunion de la Commission d'enquête sur le Service de Renseignement de l'Etat - Audition en séance publique en qualité de témoin de Monsieur Marco Mille (ancien directeur du Service de Renseignement de l'Etat). Vidéo divers du 15/01/2013, chd.lu, vun 0h15 un.
  2. Linda C. Reif (ed.): The International Ombudsmen Anthology. Selected writings from the international Ombudsmen Institute, Kluwer Law international 1999, ISBN 9041104909. "Authors", S. xviii. (Op Google Books)
  3. Verbatim vun Auszich vum Gespréich Juncker-Mille am Lëtzebuerger Land 30.11.2012 archivéiert, mp3 - integraalt Gespréich op rtl.lu.
  4. "Premier Juncker: Vum Geheimdéngscht mat Auer ofgelauschtert!" RTL - 19.11.2012, 17:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.11.2012, 19:43.; "Bomm: Chamberkommissioun wëll Premier, Vogel wëll Prënzen." RTL - 27.11.2012, 06:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.11.2012, 07:35
  5. [1]
  6. [2] "Spiel auf Zeit", journal.lu
  7. "Mille bei Siemens: Geheimdéngscht brauch en neien Direkter." RTL.lu - 02.12.2009, 15:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.12.2009, 13:08.
  8. [3]
  9. Video-Opzeechnung (chd.lu); Live-Ticker (rtl.lu).