Massaker vu Srebrenica


D'Massaker vu Srebrenica war e Krichsverbrieche wärend dem Bosniekrich, dat 2007 vun den UN-Geriichter als Genozid klassifizéiert gouf[1]; Serbie refuséiert nach ëmmer d'Verbriechen als Genozid unzëerkennen[2].
Uganks vun den 1990er-Joren zerfält Jugoslawien an eenzel Staaten. Al nationalistesch Konflikter tëscht den eenzele Republicke féieren zu Kricher tëscht den ënnerschiddleche Bevëlkerungsgruppen. Serbesch Nationaliste wëllen e sougenannt „Grouss-Serbien“ grënnen an iwwerfale Bosnien an Herzogowina an iwwerhuele séier d'Kontroll iwwer grouss Deeler vum Land. Srebrenica, e klengt Duerf am Oste vum Land, net wäit ewech vun der Grenz mat Serbien, gëtt eng Plaz wou virun allem Bosniacke Schutz sichen. Et ass eng UNO-Sécherheetszon an där eng hollännesch Eenheet vu Blohelmer fir Sécherheet soll suergen. D'Blohelmer leeschten awer knapps Widderstand wéi d'Géigend ëm Srebrenica am Juli 1995 vu bosnesch-serbeschen Truppen iwwerfall gëtt[2]. Méi wéi 8.000 Bosniacken – bal nëmme Männer a Jongen tëscht 13 an 78 Joer – ginn doutgemaach.[3][4]
D'Massaker gouf ënner der Féierung vum Ratko Mladić vun der Arméi vun der Republika Srpska (Vojska Republike Srpske, VRS), der Police a serbesche Paramilitären ausgefouert, an dat trotz der Presenz vu Blohelmzaldoten. Et huet sech iwwer e puer Deeg higezunn a geschouch op verschiddene Plaze ronderëm Srebrenica. Déi Dausende vu Läiche goufen a Massegriewer verschäert an an de Wochen dono e puermol aus- an op anere Plazen nees begruewen, fir Spueren ze verwëschen.
D'Massaker vu Srebrenica gëllt als dat schwéierst Krichsverbriechen an Europa zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich.[5]. Bei Prozesser virun internationale Geriichter koum eraus, datt déi Verbriechen net spontan geschouchen, ma systematesch geplangt an duerchgefouert goufen.
Am Joer 2022 huet déi hollännesch Regierung sech fir d'éischt Kéier bei de Famillje vun den Affer vu Srebrenica fir d'Versoe vun de Blohelmer entschëllegt.
Den 11. Juli gëtt weltwäit un de Genozid vu Srebrenica erënnert. Um 30. Joresdag vum Massaker ass den 10. Juli 2025 am Tony-Neuman-Park um Lampertsbierg e Gedenkstee fir d'Affer devoiléiert ginn[6][7].
„D'Tragedie vu Srebrenica wäert d'Geschicht vun de Vereenten Natioune fir ëmmer verfollegen.“
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Julija Bogoeva, Caroline Fetscher: Srebrenica. Dokumente aus dem Verfahren gegen General Radislav Krstić vor dem Internationalen Strafgerichtshof für das ehemalige Jugoslawien in Den Haag. Suhrkamp, Frankfurt am Main 2002, ISBN 3-7718-1075-2.
- Jan Willem Honig, Norbert Both: Srebrenica, der größte Massenmord in Europa nach dem Zweiten Weltkrieg. Lichtenberg, München 1997, ISBN 3-7852-8409-8.
- Sylvie Matton: Srebrenica: un génocide annoncé, Flammarion, Paris 2005 ISBN 2-08-068790-5 .
- Hasan Nuhanovic: Under The UN Flag. The International Community and the Srebrenica Genocide, DES, Sarajevo 2007, ISBN 978-9958-728-87-7 .
- Eric Stover, Gilles Peress: Die Gräber − Srebrenica und Vukovar. Scalo, Zürich 1998, ISBN 3-931141-75-6.
- Emir Suljagic: Srebrenica, Notizen aus der Hölle (Originaltitel: Razglednice iz groba, übersetzt von Katharina Wolf-Grießhaber, Nachwort von Michael Martens), Zsolnay, Wien 2009, ISBN 978-3-552-05447-9.
- David Rohde: Die letzten Tage von Srebrenica. Was geschah und wie es möglich wurde. Rowohlt, Reinbek bei Hamburg 1997, ISBN 3-499-22122-5.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Massaker von Srebrenica – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Massaker a seng Suitten, Bayerischer Rundfunk 2015
- Rapport vum Nederlands Instituut voor Oorlogsdocumentatie
- UNO-Rapport: The fall of Srebrenica, (PDF; 44 kB)
- ICTY-Uklo géint de Karadžić an de Mladić (PDF; 40 kB)
- Srebrenica: Alle Artikel, Hintergründe, Fakten. op spiegel.de
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ entspriechend der Konventioun iwwer d'Preventioun an d'Bestrofung vu Genoziden, déi 1951 a Kraaft getrueden ass.
- 1 2 (de) Wie kam es zu Völkermord von Srebrenica?. www.instagram.com. zdfinfo. Gekuckt den 11.07.2025.
- ↑ International Cour Pénale fir dat fréiert Jugoslawien: Kuerz Beschreiwung vum Balkan-Konflikt. (Gekuckt 2. Januar 2015).
- ↑ Urteel an éischter Instanz géinnt de Krstić (PDF; 702 kB), S. 27. Kuckt och d'Lëscht vun de vermësste Persounen (bosnesch).
- ↑ "UN-Strafgerichtshof Den Haag. Lebenslange Haft für Massaker in Srebrenica." tagesschau.de, 10. Juni 2010, gekuckt den 10. Juni 2010; "Gericht weist Klage gegen Niederlande ab", Süddeutsche Zeitung , 10. September 2008 (gekuckt de 27. Juli 2011)
- ↑ (de) Nun erinnert auch in Luxemburg ein Stein an die Opfer von Srebrenica. Luxemburger Wort (10.07.2025). Gekuckt den 11.07.2025.
- ↑ (lb) 30 Joer Srebrenica Massaker. www.rtl.lu. Gekuckt den 11.07.2025.