Op den Inhalt sprangen

Mediterranean Shipping Company

Vu Wikipedia
MSC Marina am Container-Terminal Bremerhaven

D'Mediterranean Shipping Company (kurz MSC) ass eng Schwäizer Reederei mat Sëtz zu Genf.

D'MSC gouf 1970 vum italieenesche Kapitän Gianluigi Aponte gegrënnt. Si huet sech zanterhier zum zweetgréisste Container Carrier (no der Mærsk Line, déi am August 2005 d'Royal P&O Nedlloyd iwwerholl hat), eropgeschafft.

Linnen- a Containerschëfffaart

[änneren | Quelltext änneren]
Containerschëff MSC Flaminica (gechartert)

Bis 1995 goufe vun der MSC ausschliisslech Occasiounscontainerschëffer kaaft. D'Flott bestoung aus enger ëmmer méi grousser Zuel vu Second-hand-Containerschëffstyppen aus der éischter bis zur drëtter Generatioun. Eréischt vun 1994 un huet d'MSC nei Containerschëffer baue gelooss oder gechartert.

Ënner MSC-Fändel si Mëtt 2007 eng 340 Containerschëffer, mat enger Stellplazkapazitéit vun 1.115.000 TEU, gefuer. Am Vergläich Maersk-Sealand mat 1.030.000 TEU, incl. P&O Nedloyd 1.400.000 TEU. D'Nimm vun de Schëffer loossen erkennen, wéi eng gechartert a wéi eng der Reederei gehéieren. Déi zur Zäit gréissten MSC Containerschëffer mat enger Capacitéit vu jee 9.178 TEU sinn d'„MSC Pamela“ an „MSC Susanna“. Si goufen am Juli 2005 bei Samsung H.Ind. a Südkorea fir déi däitsch Reederei C.P.Offen gebaut, a fir aacht Joer un MSC verchartert. No kuerzer Zäit huet MSC se kaaft. Aner Schëffer vun där Serie si schonn ausgeliwwert respektiv bestallt.

Wichtegsten zentrale Containerterminal vun der MSC ass Antwerpen; do exploitéiert d'Reederei en eegenen Terminal.

MSC bedéngt weltwäit 270 Häfe mat 170 Linnen.

Weltweit zielt d'MSC iwwer 30.000 Mataarbechter an 390 Néierloossungen, déi iwwer 146 Länner verspreet sinn.

Am Dezember 2021 bitt MSC op d'mannst 5,7 Milliarden Euro fir Bolloré Africa Logistics, eng Duechtergesellschaft vum Bolloré Grupp.

MSC Armonia, Korfu

1995 ass d'MSC, wéi se d'StarLauro S.p.A. iwwerholl huet, an d'Croisièresgeschäft erageklomm an zwar ënner dem Numm MSC Crociere S. p. A.. D'Entreprise ass gradewéi bei de Containerschëffer virgang an huet fir unzefänken eeler Schëffer aus zweeter Hand kaaft. 2003 koum du mat der "MSC Lirica" (59000 BRT) dat éischt neigebaute Schëff dobäi. 2004 koum d'Schwësterschëff "MSC Opera" no, an duerno d'"European Vison" an d'"European Stars" (je 58000 BRT) déi d'Gesellschaft no der Faillite vun der Festival Crociere S. p. A., als "MSC Armonia" an "MSC Sinfonia" iwwerholl hat. MSC ass weider séier gewuess an huet nei Schëffer bestallt. 2006 gouf d'"MSC Musica" (90000 BRZ) a Betrib geholl, gefollecht, 2007, vun der "MSC Orchestra". Mat der "MSC Poesia"(2009) an der "MSC Magnifica"(2010) kommen nach zwee weider Schwësterschëffer dobäi. Fir 2008 an 2009 sinn d'"MSC Fantasia" an "MSC Splendida" (je 133500 BRT) bestallt. Gebaut ginn all déi Schëffer vun der franséischer Werft Chantiers de l'Atlantique vu Saint-Nazaire.

Flott vu Croisièresschëffer

[änneren | Quelltext änneren]
JoerNummTonnageWerftStatus/Wat aus e ginn ass
1995 (1956)Monterey20046 BRTBethlehem Shipbuilding Corporation, Sparrows Point 1956: fir Matson Navigation Co. / 1995 un MSC / Am Déngscht
1995 (1975)Rhapsody17095 BRTBurmeister & Wain A/S, Kopenhagen 1975 ex Cunard Princess, Cunard / 1995 un MSC / 2005 Am Déngscht
1995 (1951)Symphony16741 BRTSwan, Hunter & Wigham, Richardson Ltd., Newcastle 1951 ex Provence, SGTM / 1995 un MSC / 2000 verkaaft
1997 (1982)Melody35143 BRTChantier Navale de la Mediterranée S.A., La Seyne 1982: ex Atlantic, Home Lines / 1995 un MSC / Am Déngscht
2003MSC Lirica59058 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. NazaireAm Déngscht
2004MSC Opera59058 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. NazaireAm Déngscht
2004 (2001)MSC Armonia58625 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire 2001: ex European Vision, Festival Crociere / 2004 un MSC / Am Déngscht
2004 (2002)MSC Sinfonia58625 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. Nazaire 2002: ex European Stars, Festival Crociere / 2004 un MSC / Am Déngscht
2006MSC Musica90000 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. NazaireAm Déngscht
2007MSC Orchestra90000 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. NazaireAm Déngscht
2008MSC Poesia90000 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. NazaireAm Bau
2010MSC Magnifica90000 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. NazaireAm Bau
2008MSC Fantasia133500 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. NazaireAm Bau
2009MSC Splendida133500 BRTChantiers de l'Atlantique S.A., St. NazaireAm Bau
 Commons: MSC Cruises – Biller, Videoen oder Audiodateien