Messer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E modernt Kichemesser

E Messer ass e Geschir, mat deem ee schneide kann an dat een am Grapp hale ka fir ze schaffen. Et besteet aus enger Limecht oder Kléng dacks einfach Schneid genannt an engem Grëff. D'Messer zielt zu de wichtegste Geschirer, Kultsymboler, Ritual- an Handwierksgéigestänn vum Mënsch. Seng ursprénglech Funktioun war reng funktionell, als Schaffgeschir, Haushaltsgéigestand a Waff, mä et huet sech am Laf vun der Zäit zousätzlech als Dekoratiouns- a Konschtgéigestand a souguer als Tauschobjet entwéckelt. Zënter dem 18. Joerhonnert ass d'Messer och e wichtegen Deel vum Iessgeschir.

D'Messer ass ee vun de wéinege Géigestänn, déi weltwäit an alle Kulture vum Mënsch virkommen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messer – Biller, Videoen oder Audiodateien