Metropolitan Opera

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dat „aalt“ Metropolitan Opera Gebai am Joer 1905

D'Metropolitan Opera ass eng Theater-Gesellschaft am Lincoln Center zu New York, Bundesstaat New York. Si gëtt allgemeng als Met bezeechent a gëtt zu de weltweit féierenden Operenhaiser gezielt. Zanter dem Ufank vun der Saison 2006/07, ass de Peter Gelb General Manager vun der Met an de James Levine Music Director.

Die al Oper[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Oper vu bannen

D'Metropolitan Opera Company gouf am Joer 1880 gegrënnt. Den Architekt J. Cleaveland Cady huet hir dunn en Operenhaus gebaut, dat tëscht der 39. a 40. Strooss um Broadway louch. De 27. August 1892 gouf d'Gebai duerch e Brand schwéier beschiedegt. No grousse Renovéierungsaarbechte konnt d'Operenhaus erëm opmaachen, a bis 1966 benotzt ginn. Duerno huet d'Metropolitan Opera Company beschloss, hire Sëtz an och hiert Operenhaus, op d'Plaz vun haut ze verleeën. Dat éischt Gebai gouf 1967 ofgerass.

D'Trapenhaus an de Foyer

Déi nei Oper[änneren | Quelltext änneren]

Am September 1966 ass d' Gesellschaft an déi nei Raimlechkeeten am Lincoln Center for the Performing Arts zesumme mat 12 aneren Organisatioune geplënnert. D'Gebai läit tëscht der Columbus an Amsterdam Avenue an tëscht der 62. a 65. Strooss um Upper West Side vu Manhattan. Am Haaptsall ass Plaz fir 3.900 Persounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Metropolitan Opera – Biller, Videoen oder Audiodateien