Michail Iwanowitsch Kalinin
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Michail Kalinin)
Michail Iwanowitsch Kalinin | |
---|---|
Gebuer | 7. November 1875 jul. |
Gestuerwen |
3. Juni 1946 Moskau |
Doudesursaach | Déckdaarmkriibs |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, Sowjetrussland, UdSSR |
Aktivitéit | Politiker, Enseignant |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
De Michail Iwanowitsch Kalinin (ru.: Михаил Иванович Калинин), gebuer de 7. Novemberjul./ 19. November 1875greg. zu Werchnjaja Troiza, am Oblast Twer, a gestuerwen den 3. Juni 1946 zu Moskau, war e sowjetesche Politiker.
Hie war vun 1923 bis 1946 als President vum Presidium vum Ieweschte Sowjet vun der UdSSR formelle Staatschef vun der Sowjetunioun; virdrun, vum Mäerz 1919 bis Dezember 1922 formelle Staatschef vu Sowjetrussland.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]D'Stied Kalininsk a Kaliningrad (virdrun: Königsberg) goufen no him ëmgenannt an heeschen haut och nach sou. Seng Gebuertsstad Twer, déi bis an d'1990er Joren Kalinin housch, krut dogéint hiren alen Numm erëm.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anatoli Tolmatschow: Michail Kalinin. Eine Biographie (Übersetzt von Barbara Weise). Dietz, Berlin 1986, ISBN 3-320-00621-5
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mikhail Kalinin – Biller, Videoen oder Audiodateien |