Michele Ferrero
Ausgesinn
| Michele Ferrero | |
|---|---|
| Gebuer | 26. Abrëll 1925 |
| Gestuerwen |
14. Februar 2015 Monte-Carlo |
| Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
| Aktivitéit | Entreprener, Geschäftsmann |
| Auszeechnungen | Chevalier grand-croix vum Ordre du Mérite vun der italieenescher Republik |
| Famill | |
| Bestuet mat | Maria Franca Fissolo (1962–14.2.2015) |
| Papp | Pietro Ferrero |
| Kanner | Giovanni Ferrero |
|
| |
De Michele Ferrero, gebuer de 26. Abrëll 1925 zu Dogliani, am Piemont; a gestuerwen de 14. Februar 2015 zu Monte-Carlo,[1] war en italieeneschen Entreprener a Proprietär vum Schneekereieproduzent Ferrero.
Ënner senger Féierung gouf de Familljebetrib zu enger international aktiver Entreprise ausgebaut. Dem Forbes Magazine no war dem Michele Ferrero seng Famill mat engem Verméige vu 17 Milliarden US-Dollar (2009) déi drëtträichst an Italien, nom Leonardo Del Vecchio an dem Silvio Berlusconi.[2]
Um Sennengerbierg an der Gemeng Nidderaanwen, wou Ferrero säin europäesche Sëtz huet, gouf d'Strooss tëscht der N1 an dem Boulevard de Héienhaff no him genannt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Zum Tod von Michele Ferrero. Chefversüßer der Welt. Süddeutsche Zeitung, 15. Februar 2015
- ↑ "The World's Billionaires." Forbes, 10.03.2010.
