Minijupe

Vu Wikipedia
Eng Minijupe

Eng Minijupe ass eng kuerz Jupe, déi net iwwer de Knéi geet. Fir gewéinlech ass se 10–30 cm driwwer um Enn.

D'Erfindung vun der Minijupe gëtt allgemeng der brittescher Moudendesignerin Mary Quant zougeschriwwen, där hir Kreatioun fir d'éischt 1962 an der Moudenzäitschrëft Vogue ze gesi war. Vun do u war de Succès vun där neier Moud net méi opzehalen. De franséische Moudendesigner André Courrèges huet 1965 souguer haute couture Versiounen dovun erausbruecht.

D'Opkomme vun der Minijupe huet ganz géigendeeleg Reaktiounen ervirgeruff. Engersäits ass se als reng Provokatioun gesi ginn, anerersäits ass se als Zeeche vum neie Selbstbewosstsinn vun der Fra interpretéiert ginn.

1966 ass d'Mary Quant fir hire Courage an de Welterfolleg vun hirer sënnlecher Kreatioun mam Order of the British Empire ausgezeechent ginn. Fir d'Iwwerreeche vum Uerden am Buckingham Palace huet se eng Minijupe ugedoen.

Eng Mikrojupe

Um Enn vun de "wëlle Siechzeger" ass den Trend vun der Minijupe op déi nach méi kuerz Mikrojupe an op d'Hot Pants eriwwergaangen, déi kuerz Zäit drop och nees ofgeléist goufen, an zwar vun de laange Maxijuppen. D'Minijupe selwer huet sech awer bis haut an der Popularitéit gehalen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Minijuppen – Biller, Videoen oder Audiodateien