Op den Inhalt sprangen

Mohammed Waheed Hassan

Vu Wikipedia
Mohammed Waheed Hassan
Gebuer 3. Januar 1953
Malé
Alter 73 Joer
Nationalitéit Malediven
Aktivitéit Politiker
Fonctioun President vun de Malediven, Vizepresident vun de Malediven
Bestuet mat Ilham Hussain

De Mohammed Waheed Hassan (Dhivehi: ޑރ. މުހައްމަދު ވަހީދު ޙަސަން މަނިކ), gebuer den 3. Januar 1953 zu Malé, ass ee maledivesche Politiker.

Hien huet op der American University of Beirut an der Stanford University International Affairs and Business studéiert. Hie war Delegéierten Direkter vun der Organisatioun UNDCO um Quartier général vun de Vereenten Natiounen zu New York, ier en 2005 op d'Malediven hannescht goung. Vun 2008 bis 2011 war den Hassan Vizepresident ënner dem Mohamed Nasheed.

Vum dem 7. Februar 2012 bis den November 2013 war hie President vun de Malediven.[1] Den Hassan ass Member vun der Gaumee Itthihaad Partei.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. NZZ:Machtkampf auf den Malediven spitzt sich zu.