Moja besumnaja semja!
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Russland |
Produktiounsjoer | 2011 |
Première | 2011 |
Originalsprooch | Russesch |
Ekipp | |
Regie | Renat Dawletjarow |
Dréibuch |
Deniel Scher Wiktor Lewin Juri Korotkow |
Fotografie | Artur Gimpel |
Musek | Arkadi Ukupnik |
Produzent |
Renat Dawletjarow Alexander Kotelewski |
Produktiouns- gesellschaft | 20th Century Fox |
Schauspiller | |
Iwan Stebunow als Konstantin | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Moja besumnaja semja! (Моя безумная семья! - "Meng wansinneg Famill!") ass e russesche Kaméidisfilm aus dem Joer 2011. En ass de 5. Januar 2012 an de Kinoen ugelaf.
Wourëms geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Konstantin hat ni Chance mat senge Frëndinnen, spéitstens wann e se senger Famill virgestallt huet war et aus. Säi Papp ass e spleenegen Naturwëssenschaftler, seng Mamm Karate-Coach, seng Schwëster virlaut a géint d'Bestueden, an dann ass do nach säi Bopa deen ni e verständlecht Wuert schwätzt.
Wéi en du mam Viktoria zesumme war an et Eescht sollt gi mam Bestueden, do sollten d'Eltere vun deene jonke Bräitjeleit sech kenneléieren. Eng Horrorvirstellung fir de Kostja, deen alt nees en Enn vun enger Bezéiung komme gesinn huet. Mä säi Kolleeg Stas huet eng Iddi: firwat net Schauspiller engagéieren, déi fir een Dag seng Elteren duerstelle sollen? Sou gouf et dann och gemaach, just datt déi erausgesichte Schauspiller bal nach méi Onwees dreiwe wéi déi richteg Elteren et selwer fäerdegbruecht hätten...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Et ass de Regiedebüt vum Renat Dawletjarow.
De Film gouf zu Lëtzebuerg am Kader vun der drëtter Editioun vum russesche Filmfestival Go Russia an der Stater Cinemathéik gewisen, a Presenz vun der Rosfilm-Presidentin Tatjana Woronezkaja an der Schauspillerin Larissa Udowitschenko.