Monocerotiden
Ausgesinn
| Monocerotiden | |
|---|---|
| Aktivitéitszäitraum | 27. November - 17. Dezember |
| Aktivitéitsmaximum | 9. Dezember |
| Radiantepositioun vum Maximum | RA: 6h 40m DE: +8° |
| ZHR | 3 |
| Populatiounsindex | 3,0 |
| Geozentresch Vitess | 42 km/s |
D'Monocerotide sinn e Meteorstroum mat enger klenger ZHR vun 3 Meteore pro Stonn. Als Mammekierper vun dësem Stroum gëtt de Koméit P/Mellish gefouert.
Beim Aktivitéitsufank de 27. November ass de Radiant am Stärebild Orion, knapps ëstlech vum Stär Betelgeuze. Uschléissend verlagert sech de Radiant zirka 1 Grad ëstlech pro Dag. Um Dag vum Maximum ass de Radiant am nërdlechen Areal vum Stärebild Monoceros.