Montagne Pelée

Vu Wikipedia
D'Montagne Pelée, vu Süden aus gesinn.

D'Montagne Pelée (Geschielte Bierg) ass en aktive Vulkan op der nërdlecher Spëtz vun der franséischer Insel Martinique an der Karibik.

Ausbroch vun 1902[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel ugeholl gouf, datt d'Montagne Pelée erlosch wier, ass de Vulkan den 8. Mee 1902 ausgebrach an en huet déi deemoleg Haaptstad Saint-Pierre, déi 7 Kilometer südlech vu senger Spëtzt war, total zerstéiert. Iwwer 25.000 Mënsche sinn dobäi ëmkomm, well d'Stad iwwerlaf war mat Flüchlingen aus aneren Uertschaften, déi sech do wollten a Sécherheet brénge viru méi klengen Explosiounen a Bulliswellen aus dem Vulkan, deen de 25. Abrëll ugefaangen hat mat méi klengen Ausbréch. Bei den Affer waren och d'Besatzungen an d'Passagéier vu Schëffer, déi am Hafe vu Saint-Pierre virun Anker louchen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Montagne Pelée – Biller, Videoen oder Audiodateien