Mount Carmel

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Haifa vum Mount Carmel aus gesi
Vun Haifa aus féieren Terrassegäert zum Baha'i-Tempel

De Carmel (hebr. כרמל, ofgeleet vu „kerem el“, de „Wéngert vum Herrgott“; arab. جبل الكرمل Dschabal al-Karmal) ass eng Biergketten, déi an Israel an der direkter Noperschaft vun der Hafestad Haifa läit. Dës Ketten, parallel zum Mëttelmier, ass 23 km laang, aacht bis zéng km breet a bis zu 546 m héich. Opgrond vun de villen Nidderschléi ass dës hiwweleg Landschaft séier fruchtbar a gouf och als Nationalpark klasséiert. Am iwwerdroene Sënn gëtt dat Wuert Carmel oder Karmel och gebraucht, fir deen no dësem Bierg genannte reliéisen Uerde vun de Karmeliten a Karmelitinnen ze bezeechnen.
Um Fouss vum sougenannten Mount Carmel läit d'Stad Haifa. Um Mount Carmel selwer ass an engem grousse schéine Park den internationalen Center vun der Reliounsgemeinschaft Baha'i an och hiren Tempel mam Schräin vun hirem Grënner, dem Bab.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mount Carmel – Biller, Videoen oder Audiodateien