Mudderbuch
Ausgesinn
Eng Mudderbuch ass eng Buch, op där hirem Stack eng ganz Rëtsch déck Äscht wuessen.[1]
Si entstinn entweeder op natierlechem Wee, oder awer, méi dacks, duerch den Afloss vu Mënsch oder Déier, duerch déi, an engem fréie Wuesstumsstadium, den Haaptstrang ofgebrach gouf, a sou déi aner Äscht ronderëm sech wéi en Haaptaascht behuelen, no uewe wuessen a Säitenäscht bilden.[2]
Bekannt Exemplairë vu sou Beem sinn oder waren:
- déi um Wee vu Bigelbaach op d'Beeforter Heed; si ass an den 1990er Jore bei engem Stuerm auserneegebrach;[3]
- déi am Juckelsbësch (Gemeng Mamer), och Apostelbuch genannt, well 12 Stämm draus gewuess sinn;[4] ewell a schappeger Konditioun (2014)[2];
- d'Mudderbuch um Säitert bei Meesebuerg[2], Fagus sylvatica, gouf den 29. Mäerz 1974 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter opgeholl;
- d'Mudderbuch tëscht dem Keeler Poteau a Rëmeleng, um Pad vum Circuit auto-pédestre;[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ LWB, Mudder- bis Muelmillen (Bd. 3, Sp. 176b bis 177b), op engelmann.uni.lu.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 "Hêtre de Meysembourg-Seitert um Site vum Service des sites et monuments nationaux, ssmn.public.lu.
- ↑ Fiche "Bigelbaach" um Site "Kierchtuermspromenaden".
- ↑ "Mamer - "Juckelsbësch" op mambra.lu.