Murasaki Shikibu
Ausgesinn
| Murasaki Shikibu | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | 藤原 香子 |
| Gebuer | 970er jul. |
| Gestuerwen | 11. Joerhonnert jul. |
| Nationalitéit | Japan |
| Educatioun | keng |
| Aktivitéit | Haffdamm, Romancière, Dichterin, Schrëftstellerin, Diarist, Philosophin, Filmdréibuchautorin |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
| Famill | |
| Bestuet mat | Fujiwara no Nobutaka |
| Papp | Fujiwara no Tametoki |
| Kanner | Daini no Sanmi |
|
| |
D'Murasaki Shikibu (紫式部), gebuer ëm 973 zu Kyoto an och do ëm 1014 gestuerwen, war eng japanesch Schrëftstellerin an Dichterin.
Si ass bekannt fir hire psychologesche Roman Genji Monogatari ("Geschichte vum Prënz Genji"), den éischte grousse Roman vun der ëstlecher Welt an e Meeschterwierk vun der klassescher japanescher an der Weltliteratur.
Der Murasaki Shikibu hire Gebuertsnumm ass net bekannt; si gëtt dowéinst mam Hëllefsnumm Murasaki Shikibu bezeechent, dat wuertwiertlech iwwersat "Violett (oder purpurrout) vun der Zeremonie" heescht.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- 1008: Genji Monogatari (Roman)
- 1010: Murasaki Shikibu nikki
- 1014: Murasaki Shikibu shu (Poesie)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Murasaki Shikibu – Biller, Videoen oder Audiodateien |
