Musée Tudor

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dem Henri Tudor säin Haus zu Rouspert, haut d'Gemengenhaus. De Musée ass am rietsen Trakt vum Gebai - 7. Mäerz 2009

De Musée Tudor ass e Musée zu Rouspert, deen den 23. Mee 2009, am Joer vum 150-järege Gebuertsdag vum Henri Tudor (1859-1928), op Nr. 9 an der Rue Henri-Tudor zu Rouspert fir de Public opgemaach gouf.[1] En ass do am rietsen Trakt vun der Villa Tudor amenagéiert.

Zwéin Themeberäicher ginn an dësem Musée dokumentéiert:

  • Liewen a Wierk vum Henri Owen Tudor;
  • de Fonctionnement an d'Entwécklung vu senger Haapterfindung, dem Bläiakkumulator.

D'Initiativ ass vun der A.s.b.l. "Les amis du musée Henri-Tudor" ausgaangen, déi 1995 gegrënnt gouf[2].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Articles de presse.
  2. De Veräi gouf de 16. Januar 1998 gegrënnt, cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C n°323: 15491-15494 vum 8.5.1998. De Verwaltungsrot gouf 2002 erneiert, cf. Mémorial C n°1700: 81569 vum 28. November 2002.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]