Musée du monde souterrain vun Han-sur-Lesse
Ausgesinn
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Gestioun | |
| Visiteuren/Joer | |
| Gebai | |
| Kollektioun | |
| Exponater | |
|
| |
De Musée du monde souterrain zu Han-sur-Lesse ass e Musée, an deem en Objete ka gesinn, déi an de Grottes de Han fonnt gi sinn.
Déi meescht vun dësen Objete goufe vun Daucher fonnt, déi de Fong vum ënnerierdesche Laf vun der Lesse ofgesicht hunn. Dorënner sinn z. B. Bijouen, déi vu virun 3.000 Joer stamen, an aner Objeten, déi aus der Jongsteenzäit sinn.
An enger Sektioun vum Musée kritt een Erklärungen iwwer den ënnerirdesche Mileu, iwwer d'Entstoe vun de Grotten an d'Verstengerungen, an iwwer déi spezifesch Déierewelt an de Grotten.
