Mustafa I.

Vu Wikipedia
Mustafa I.
Titelen
Virgänger Ahmed I. (1616), Osman II. (1622)
Nofollger Osman II. (1618), Murad IV. (1623)
Biographie
Gebuer 24. Juni 1591
Konstantinopel
Gestuerwen 20. Januar 1639
Istanbul
Papp Mehmed III.
Mamm Adi Bilinmiyor


De Mustafa I. (Arabesch: مصطفى الأول) war Sultan vum Osmanesche Räich vu 1617 bis 1618 a vu 1622 bis 1623. E war de Brudder vum Ahmed I..

De Mustafa war geeschteg zeréckbliwwen oder wéinstens neurotesch a war eigentlech de Spillball vun de Cliquen am Topkapi-Palais zu Istanbul. Wärend der Herrschaft vu sengem Brudder war e véierzéng Joer laang an engem Zëmmer am Palais agespaart. Dëst, well den Ahmed d'Gesetz vum Bruddermord, dat virschreift datt am Ament vun der Intronisatioun d'Bridder vum zukënftegen Herrscher mussen ëmbruecht ginn, gebrach huet, a seng Bridder einfach am Palais agespaart huet.

1618 ass en ofgesat ginn an a senger Plaz ass säin Neuveu, den Osman II., Sultan ginn. Nodeem dee 1622 ermuert gouf, ass de Mustafa nach eng Kéier fir ee Joer Sultan ginn, gouf awer 1623 nees ofgesat an dem Osman II. säi Brudder Murad IV. gouf Sultan. Enger anerer Versioun no wier de Mustafa 1623 gestuerwen. De Mustafa gouf an der Hagia Sofia bäigesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mustafa I – Biller, Videoen oder Audiodateien