My Stealthy Freedom

Vu Wikipedia

My Stealthy Freedom (lb: Meng Heemlech Fräiheet) ass zënter Mee 2014 eng Onlinebeweegung, déi vun der Journalistin Masih Alinejad, déi haut zu London lieft, gegrënnt gouf. Si gouf iwwer Facebook an d'Liewe geruff, wou d'Alinejad eng Foto vu sech selwer ouni Hijab verëffentlecht huet. Op der Facebooksäit[1] My Stealthy Freedom آزادییواشکیزناندرایران kënnen iranesch Frae Fotoe verëffentlechen, op deene si kee Kappduch unhunn, wat am Iran strofbar ass.

Et ass net e Kampf géint den Hijab erkläert d'Masih Alinejad, mä et geet drëm, datt ee selwer soll wiele kënnen, ob een e Kappduch droe wëll oder net: "Den Iran ass do fir meng Mamm a mech. Meng Mamm wëll e Kappduch droen. Ech wëll kee Kappduch droen. Den Iran sollt fir eis zwee do sinn."

2015 krut si de "Women's Rights Award" vum "Geneva Summit for Human Rights and Democracy" fir hiren Asaz am Kampf vun den iranesche Frae fir mënschlech Grondrechter, Fräiheet an Gläichberechtegung[2].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. StealthyFreedom op facebook
  2. (en)Artikel op Geneva Summit