NGC 663
Ausgesinn
| Date vum NGC 663 | |
|---|---|
| Objettyp | Oppene Stärekoup |
| Stärebild | Cassiopeia (Cas)
|
| Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 01h 46m 16s |
| Deklinatioun | +61º 13' 06" |
| Ausgesinn | |
| Klassifikatioun | III 2 m |
| Visuell Magnitude | +7,1m |
| Wénkelduerchmiesser | 16' |
| Stären | zirka 80 |
| Hellste Stär | +8,4m |
| Roudelzeg (Faarfexzess E(B-V)) | |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zu der | Mëllechstrooss, Cas OB8 |
| Distanz | zirka 6400 Liichtjoer |
| Absolut Hellegkeet | |
| Absolutten Duerchmiesser | |
| Katalogbezeechnungen | |
| NGC 663, OCl 333, C 0142+610, Cr 20, Mel 11, Lund 55, H VI-31, GC 392 | |
Den NGC 663 ass en oppene Stärekoup am Stärebild Cassiopeia. Den NGC 663 huet en Duerchmiesser vu 16' an eng visuell Magnitude vu +7,1 mag. Den NCG 663 ass e relativ jonke Stärekoup mat ville Be-Stären. Den NGC 663 gehéiert zu der OB-Associatioun Cassiopeia OB8, zu där ënner anerem och den NGC 654 an de Messier 103 gehéieren. Den NGC 663 gëtt als de masseräichste Stärekoup a Kär vu Cassiopeia OB8 ugesinn. Den Duebelstär Struve 152 ass e Member vum Stärekoup. Den NGC 663 gouf am Joer 1787 vum Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.
