NGC 6744-Grupp

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'NGC 6744-Galaxiëgrupp ass eng kleng Galaxiëgrupp déi ongeféier 25 Millioune Liichtjoer vun ons ewechläit. D'Grupp läit am Stärebild vum Pohunn.

Den hellste Member ass d'Balkespiralgalaxis NGC 6744 op déi ee vun der Äerd aus praktesch vun uewen drop gesäit. Mat engem Duerchmieeser vu ronn 150.000 Liichtjoer gehéiert se zu de grousse Spiralgalaxien a se gesäit sou aus wéi wa mir ons Mëllechstrooss vu bausse géife kucken.

Den NGC 6744 huet eng irregulär Begleetgalaxis, den NGC 6744 A. Déi aner Memebere vun der Galaxiëgrupp sinn den NGC 6684, den IC 4710 an den ESO 141-42 souwéi déi irregulär Galaxien NGC 6684 A an IC 4824.