Moçâmedes

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Namibe)
Moçâmedes
De komerziellen Hafen
Land Angola
Vewaltungseenheet Provënz Namibe
Awunner 255.000
  2014
Fläch 8.916[1]
Héicht 9
Koordinaten 15° 11’ 43’’ S
      12° 09’ 03’’ O
Websäit /

Moçâmedes ass eng Stad op der angolanescher Atlantikküst an d'Haaptstad vun der Provënz Namibe. D'Stad selwer huet tëscht 1985 an 2016 offiziell och Namibe geheescht.

Den éischten Numm vun der Plaz vun der aktueller Stad war ufanks Tchitoto Cho Patua an du vu 1485 un Mossungo Bitoto. 1775 huet se Angra dos Negros geheescht, a méi spéit ass se dunn a Pinheiro Furtado de Baía de Mossâmedes ëmgedeeft ginn, en Hommage un de José de Almeida Vasconcelos de Oliveira de Soveral e Carvalho, Baron vu Mossâmedes. D'Stad Mossâmedes ass 1840 vun de Portugise gegrënnt ginn, a vum 14. November 1953 un Moçâmedes geschriwwe ginn.[2]

1975, am selwechte Joer, an deem Angola seng Onofhängegkeet vu Portugal krut, krut se dunn den neien Numm Namibe. De 27. Juni 2016 ass si per Gesetz nees a Moçâmedes ëmbenannt ginn,[2] well d'Awunner d'Stad ni Namibe genannt hunn.[1]

D'Gemeng huet eng Fläch vu bal 9.000 km²[1] an ass domat méi wéi 3,5 Mol esou grouss wéi d'Groussherzogtum Lëtzebuerg. 2016 gouf hir Bevëlkerung op ronn 530.000 Awunner geschat[1]

Zu Moçâmedes läit den drëttgréisste kommerziellen Hafen am Land. An de Joren nom angolanesche Biergerkrich ass e groussen Deel vun der Stad nees opgebaut ginn.[2] Besonnesch am Tourismussecteur si vill Avance gemaach ginn. All Joer am Mäerz feiert d'Stad d'Fest vum Mier (Festa do Mar) an am August d'Fest vun der Stad (Festa da Cidade).[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moçâmedes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Agência Angola Press: Município do Namibe passa a chamar-se Moçâmedes (27. Juni 2016)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Jornal de Angola: Capital do Namibe volta a ser Moçâmedes (4. August 2016)