Nathaniel Giles

Vu Wikipedia
Nathaniel Giles
Gebuer 1558
Worcester
Gestuerwen 1633
Windsor
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Komponist

Den Nathaniel Giles gebuer ëm 1558 zu Worcester, a gestuerwen de 24. Januar 1633 zu Windsor, war en engleschen Organist a Komponist.

Hie war de Jong vum Organist Thomas Giles a war no senger Ausbildung zu Oxford Organist an der Kathedral vu senger Heemechtsstad vu 1581 bis 1585. 1585 gouf en Organist an der St. George's Chapel zu Windsor. Do war hien Organist a Chouerdirigent bis zu sengem Doud.

Den Nathaniel Giles huet véier Masse geschriwwen, e puer Motetten, e Madrigal Cease now, vaine thoughts a fënnef Deeler an eng 20 Anthems, vun deenen déi meescht net fäerdeg goufen.